Carole Thoma
@carolethoma.bsky.social
230 followers 110 following 47 posts
Co-Porte-Parole déi Lénk | Gemengerot Diddeleng | Member Chambre des Salariés | she/her
Posts Media Videos Starter Packs
carolethoma.bsky.social
CSV ass just nach e Schied.

D'Propos fir d'Recht op IVG an d'Verfassung ze schreiwen, läit säit Méint um Dësch. 8 Aviser sinn erakomm, dovu 5 aus der Zivilgesellschaft, déi am Reen virun der Dier steet.

Déi selwerernannte "Vollékspartei" huet keng Meenung. Hir Membere sëtze just do a bleiwe roueg.
carolethoma.bsky.social
ausgeschafft an dono vun all Bedeelegte gedroen. Sou wéi ech d'Sozialpartner verstanen hunn, ass dat manifest net de Fall. Mat dem Resultat ka keen zefridde sinn.

"Der Berg gebar eine Maus" mä déi Maus wäert de schaffende Leit d'Liewe méi schwéier maachen.
carolethoma.bsky.social
Anscheinend loung dat do alles schon de Moien um 10.00 um Dësch. D'Regierung hat also 1 Mount Zäit fir sech dat z'iwwerleeën an huet dunn d'Sozialpartner 6 Stonne laang schwätze gelooss fir dono awer hire Plang duerchzesetzen.

D'Regierung schwätzt vu "Kompromëss". E Kompromëss gëtt am Dialog
carolethoma.bsky.social
Leit gëtt verkaf, si missten 8 Méint méi laang schaffe goe fir de System iwwer 4 Joer ze retten. Fir hinnen an den nächste Walen dann eng richteg neoliberal Reform kënnen ze verkafen. Leiden wäerte Fraen a Jonker, déi studéieren. Ech si gespaant op d'Berechnunge vun der IGSS.

4) Respektlos
carolethoma.bsky.social
weider klammen.

3) pur Ideologie

D'Cotisatioune gi liicht erhéicht, well "d'Verlängerung em 8 Méint net duergeet". Dat ass léif ausgedréckt, ech wéisst gär, wat déi Mesure genau ausmécht. Menges Wëssens nämlech guer a glat näicht. D'Verlängerung woar dem Patronat versprach a muss elo kommen. De
carolethoma.bsky.social
weider pertinent.

2) Altersoarmut

D'Mindestrent läit kloer ënner der Oarmutsgrenz, gëtt awer net ugepasst. Wie säi Liewe laang geschafft huet, soll sech dono weg. beim Office social mellen.

Duerch d'Verlängerung vun der Liewensaarbechtszäit an d'Festhalen un der 2012-Reform wäert d'Altersoarmut
carolethoma.bsky.social
1)D'Verlängerung vun de Ladenöffnungszäiten ass eng Frechheet.

Wa Geschäfter bis 21.00 op hunn, heecht dat ganz einfach, dass vill Kanner bis min 22.00 a Betreiungsstrukture musse bleiwen.

Kleng Commerce wäerte kaum mat deene grousse mathale kënnen an d'Fro nom Besoin u souenger Reform bleiwt ...
carolethoma.bsky.social
Den Ofschloss vun de Sozialronne weist, dass dës Regierung pur Ideologie bedreiwt.

D'Altersoarmut wäert klammen, d'Grousspatronat profitéieren a kleng Commerce leiden.

Eng kuerz a knapp 1. Reaktioun: 👇
carolethoma.bsky.social
D'LSAP Diddeleng, ënnert dem President vun der nationaler LSAP, stëmmt géint (!) eng Motioun, fir eng Partnerschaft mat enger palästinensescher Stad anzegoen. Dat wier e stoarkt Symbol vu Solidaritéit gewierscht an hätt kënnen e konkreten Impakt hunn.
Dont acte!
Reposted by Carole Thoma
guddenappetit.bsky.social
bréckebauer hei bréckebauer do di eenzeg persoun an der politik di WIERKLECH brécke baut ass d' @carolethoma.bsky.social!!!!
carolethoma.bsky.social
Et ass jo och guer net kontraproduktiv, jonk Salariés nach méi bëlleg fir de Patron ze maachen, wann ee wëll erreechen, dass d'Leit méi spéit an d'Pensioun ginn.

Wat ee chaoteschen Eeërdanz just well d'Patronat op kee Fall wëll eppes bäidroen.

www.rtl.lu/radio/invite...
Invité vun der Redaktioun (7. Juli) - Patrick Goldschmidt: Manner cotiséieren, wann een nach jonk ass?
E Méindeg de Moie waren d'Rentendebatt an de Barème unique Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
www.rtl.lu
carolethoma.bsky.social
Meng Personaldelegatioun besteet zu 4/5 aus net organiséierten Delegéierten, déi den Här Reckinger gär als "seng Delegéiert" bezeechent.

Haut huet eis Delegatioun geschlossen opgeruff, den 28/6 un der Manif vun der #Gewerkschaftsfront deel ze huelen. 🚩
carolethoma.bsky.social
Besonnesch beréiert sinn ech vun deem Abschnitt am Communiqué, wou et em d'Brutalitéit geet mat der d'Sécherheetsfirma agéiert huet, a wou d'FLF sech explizit bei der Fra entschëllegt, déi verletzt gouf well se e Banner ugehal huet.

Ah nee, upps, pardon!

www.tageblatt.lu/sport/flf-be...
Nach eskaliertem Protest / FLF bezieht Stellung zu Vorfall im Stade de Luxembourg
Eine Protestaktion im Stade de Luxembourg ist am Freitag eskaliert. Es kam zu gewaltsamen Auseinandersetzungen mit dem Sicherheitspersonal. Der Vorfall sorgte für Aufruhr – und Kritik am Luxemburger F...
www.tageblatt.lu
carolethoma.bsky.social
Eis Virschléi zum Pensiounssystem sinn net nëmme sozial gerecht, mä se sinn och géigegerechent - aanescht wéi d' "Stoussrichtung" vun der Regierung ënner dem Titel "méi schaffe fir manner Pensioun".

#StopdeFrieden
carolethoma.bsky.social
enger rietspopulistescher a Richtung vun enger rietsextremer Partei geschitt net "malgré elle".
carolethoma.bsky.social
Ennert der Mme Schoos huet d'ADR sech NET distanzéiert:
- vun engem Opruff, Lénker z'erstiechen
- vun engem Post fir LGBTQ ze vernichten
- vun engem MEP, deen op Invitatioun hin an e Staat reest, dee géint Vëlkerrecht verstéisst a Mënscherechter mat Féiss trëppelt.
D'Entwécklung vun der ADR vun ⬇️
carolethoma.bsky.social
Ech sinn Ingenieur, ech si frou mat Zuelen.

Mä de Pensiounssystem ass kee mathematesche Problem, et ass eng purement politesch Fro: Wat si mer gewëllt z'investéieren, fir dass jiddereen am Alter gutt liewe kann? Wéi verdeele mer de geschafene Räichtum?

Et gëtt deemno sozial gerecht Alternativen.
csllux.bsky.social
La question des pensions est avant tout politique. Faut-il protéger un système public solidaire, ou ouvrir la voie à une privatisation croissante des droits sociaux? Le gouvernement semble avoir tranché, au détriment de l’équité citoyenne. (3/4)
carolethoma.bsky.social
🔴Last, but not least:
"Sonntags zu arbeiten ist ja auch keine Verpflichtung."

No der ganzer Debatt huet de Minister nach ëmmer keng Notioun vum "lien de subordination" a keng Virstellung vun der Realitéit vun de schaffende Leit.

Vive den 1. Mee.
A preparéiert iech fir den 28.6. 🚩
carolethoma.bsky.social
Leit wëlle wierklech léiwer sonndes schaffen, wéi am Chômage oder Revis ze sinn? Wierklech? Dat ass zwar eng ganz speziell Miesslat, wann een d'Rechter vun de schaffende Leit un der Verzweiflung vu Leit ouni Aarbecht moosst...
carolethoma.bsky.social
🔴zur Liser-Etude, no der d'Salarié.e.s ganz kloer net wëlle sonndes schaffen:
"Ja, aber ich habe kürzlich auf einem Jobday der ADEM zur Rekrutierung von Supermarktangestellten mit vielen Beschäftigten geredet, die mir ganz klar gesagt haben, sie würden lieber sonntags 8 Stunden arbeiten [...]"
carolethoma.bsky.social
🔴"Ganz wenig Beschäftigten geht es schlecht wegen des Arbeitsrechts."

Mat 15% Working Poor ass Lëtzebuerg Spitzenreiter an der EU, mä et kann ee wahrscheinlech iwwer d'Definitioun vun "ganz wenig" philosophéieren.
carolethoma.bsky.social
wat wëll e mat deem Saatz soen?
De Koalitiounsaccord ass keng Bibel.

🔴 "Manche Unternehmer hierzulande wollen auch gar keinen Kollektivvertrag, weil sie mit ihren Angestellten ohne gut klarkommen."

Richteg. Amazon zum Beispill. Mierkt een eppes?
carolethoma.bsky.social
den Accord net kloer formuléiert ass: d'Gewerkschafte sinn "hellhörig" ginn, dowéint woare se jo och séier preparéiert, wou et "ans Eingemachte" gaangen ass. Mécht de Minister de Gewerkschaften de Virworf, dass se hier Front schon direkt hätten no Verëffentlechung vum Accord organiséiere sollen oder
carolethoma.bsky.social
🔴Zum Exklusivrecht bei Kollektivverträg:
"Diese Initiative steht im Koalitionsabkommen. Als sie [es] gelesen haben, hätten die Gewerkschaften bei einigen Sätzen hellhörig werden können."

Weess den Här Mischo, dass d'Gewerkschaften de Koalitiounsaccord net mat verhandelt hunn? Dovun ofgesinn, dass