Lex Delles
@lexdelles.bsky.social
68 followers 21 following 65 posts
Compte officiel de Lex Delles, ministre de l’Économie, des PME, de l’Énergie et du Tourisme du Grand-Duché de Luxembourg
Posts Media Videos Starter Packs
lexdelles.bsky.social
Et war mir eng Freed, bei der Aweiung vun der neister #Investitioun vu Grosbusch derbäi ze sinn – enger héichmoderner Gromperen-Schiel-Anlag 🥔, eenzegaarteg an der Groussregioun. Hei kënnen iwwer 10 Tonnen Lëtzebuergesch Gromperen den Dag geschielt a geschnidde ginn.
lexdelles.bsky.social
Zesumme mam Finanzminister Gilles Roth hu mir haut de Prêt Compétitivité Pérennité (PCP) lancéiert – eng gezielte finanziell Ënnerstëtzung fir zukunftsorientéiert Investissementer, vun der besonnesch eis PME'en profitéiere kënnen.

🔗Weider Infos: gd.lu/51CxXD
lexdelles.bsky.social
Entrevue mam Jeff Bullwinkel a sengem Team vu #Microsoft iwwer de Rôle vun innovativen Technologien am europäesche Kontext, kënschtlech Intelligenz 🤖 an digital Solutioune fir Betriber 💻fir méi Kompetitivitéit.
lexdelles.bsky.social
Déi International Energieagentur #IEA ass dës Woch op Besuch zu Lëtzebuerg fir eng detailléiert Analyse vun eiser Energiepolitik ze maachen🔎. Dëse Bléck vu baussen hëlleft eis sënnvoll Verbesserungspunkten z'identifizéieren 🎯 – mir freeën eis schonn op hir konkret Empfeelungen 🔌🔋.
lexdelles.bsky.social
Eng weider innovativ Firma, déi eise Space Secteur beräichert: Abléck an d‘Welt vun der Satellittekommunikatioun bei OQ Technology zu Leideleng. D’Firma verbënnt Geräter op der ganzer Welt iwwer Satellitten🛰️📶, och do wou et keen normalen Netzzougang gëtt – z. B. iwwert dem Mier 🌊 oder bei Noutfäll 📡
lexdelles.bsky.social
ECHO-WAVE bréngt Wandenergie 🌬️ an Agri-PV ☀️ zesummen, fir zu #Kielen grénge Waasserstoff ze produzéieren – lokal, nohalteg an innovativ. Duerch d’Zesummenaarbecht vu #GPSS a #Soler entsteet eng Zukunftsléisung, déi d’Energietransitioun virundreift 🔋⚡
lexdelles.bsky.social
Ronn 70% vun alle medezineschen Decisioune baséieren op Laboanalysen🧪– dat weist, wéi essenziell präzis Analysen am Gesondheetswiese sinn.Op eiser Visitt bei Ketterthill hu mir gesi wéi modern Technologie a mënschlech Kontroll sech ergänzen – fir eng zouverlässeg Diagnos zum Wuel vum Patient.
lexdelles.bsky.social
Bei Husky zu Diddeleng, Expert am Design vu Gussformen🔩 fir z.B. PET-Fläschen🍶 a medezinescht Equipement 💉, stinn Digitalisatioun an Nohaltegkeet am Fokus. D‘Zil ass et, PET-Produiten esou ze gestalten, dass se vollstänneg an de Kreeslaf zeréckgefouert kënne ginn♻️ .
lexdelles.bsky.social
Interessanten Austausch iwwert nohaltegen Tourismus 🌿 a grenziwwerschreidend Projete mam Gregor Freches, Minister fir Kultur, Tourismus, Sport a Medie vun der däitschsproocheger Communautéit an der Belsch 🇧🇪. Eis regional Verbonnenheet bitt e grousst Potenzial fir d'Zesummenaarbecht.
lexdelles.bsky.social
🔋D‘Batterië sinn e Schlëssel zur Energietransitioun:
✅si stabiliséieren d'Stroumnetz⚡
✅erliichteren d'Integratioun vun erneierbaren Energien🌞🌬️
👉Eis Strategie setzt dofir op 20 Moossnamen📋, fir d'Batteriespäicherung méi séier an einfach an d'Stroumnetz z'integréieren.Déi ganz Strategie: gd.lu/cK53hn
lexdelles.bsky.social
Inauguratioun vun der Tankstell zu Bierchem: D’Q8 huet d’Concessioune fir déi zwee Sitten gewonnen - eng vun de weltgréissten Autobunnstatiounen. Zanter eiser Ausschreiwung 2025 muss all nei Tankstell Solar-Panneauen op hiren Diecher opriichtena kann och Elektrobornen op der Tankstell installéieren.
lexdelles.bsky.social
Entrevue mat Electra, ee vun de gréissten Operateure vu Schnellluede-Statiounen an Europa 🔌 Si wëllen bis 2030 insgesamt 15.000 Fastchargeren a Betrib huelen⚡️Och eis ass et en Uleies, d'Luetinfrastruktur sou ze gestalten, datt d'Fueren an d’Reese mam Elektroauto praktesch, séier a komfortabel ass.🔋
lexdelles.bsky.social
Coconut Pets 🐶🐾a Social Cooling🧊💨: zwee jonk Entrepreneuren 👩‍💼👨‍💼, déi de Wirtschaftsministère beim Lancement vun hirem Betrib mat der Aide à la primo-création finanziell begleet huet 🤝. Haut stinn hir Betriber op zolitte Féiss an entwéckelen sech weider 📈.
lexdelles.bsky.social
#Pressekonferenz #Bilan #Aideregimmer
Dem Ministère ass et wichteg, déi néideg Outilen zur Verfügung ze stellen, fir eis Betriber z’ënnerstëtzen. Eis Fërderinstrumenter ëmfaassen ë.a. finanziell Hëllefen fir:
- RDI,
- Grënnung vun neie Betriber,
- ekologesch, energeetesch an digital Transitioun,
lexdelles.bsky.social
Eis Betriber brauche gutt ausgebilte Leit. Mam Claude Meisch hate mir d’Geleeënheet d'Aarbecht vum Centre national de formation professionnelle continue besser kennenzeléieren. Hei gëtt vun der Coiffeur-Formatioun bis zur Elektrikerausbildung alles gebueden, fir d'Leit op d’Beruffswelt virzebereeden
lexdelles.bsky.social
Haut goufen dräi wichteg Gesetzesprojete an der Chambre des Députés gestëmmt: ✅ Neien Aideregime am Industriesecteur fir Betriber, déi vu Gas op Elektresch wiesselen⚙️⚡️✅ Finanzéierungsgesetz fir 🇪🇺 Kooperatioune bei erneierbaren Energien ✅ Finanzéierung vum KI-Supercomputer an der AI Factory
lexdelles.bsky.social
Ugefaange mat engem Patent fir Wäscheklamere viru 46 Joer, ass Tontarelli haut zu engem féierenden Hiersteller fir Haushaltsproduiten aus Konschtstoff ginn. Op der Betribsvisitt zu Bascharage huet Tontarelli eis hir Produite gewisen, déi zu 50% aus recyceltem Plastik bestinn.
lexdelles.bsky.social
Wat ass eng Smart City? Eng Gemeng oder Stad, déi digital Technologien notzt, fir d'Liewensqualitéit vun de Bierger ze verbesseren, zB. intelligent Luuchten. Mam Emweltministère hu mir en Appel à projets lancéiert fir Gemengen a Syndikater bei hire Smart City Projeten z’ënnerstëtzen. gd.lu/26mPBS
lexdelles.bsky.social
Éischte Grondsteen zu Beetebuerg geluecht : Vodafone baut säin europäesche Logistikzenter zu Lëtzebuerg a beweist domat säi Vertrauen an d’Innovatiounskraaft an d’Stabilitéit vun eiser Wirtschaft. Dëst Gebai kombinéiert wirtschaftlech Entwécklung an Ëmweltverantwortung.
lexdelles.bsky.social
Dynamesch Stëmmung bei Nexus an der Luxexpo The Box haut – eng Plattform déi kreativ Entreprisen a Start-ups zesummebréngt, Innovatioun virundreift souwéi technologesch an digital Léisungen ubitt an international Zesummenaarbecht, z.B am Beräich AI, fërdert.
lexdelles.bsky.social
Gläich zwee bedeitend Momenter fir Europa 🌍 a Lëtzebuerg haut: de 40. Gebuertsdag vun der Signature vum Schengener Ofkommes ✍️ an de Retour vum Schëff „Prinzessin Marie-Astrid Europa“ 🚢 op Lëtzebuerg, op deem den Accord ënnerschriwwe gouf.
lexdelles.bsky.social
Impressioune vun eise Reuniounen zu Paräis 🇫🇷🤝:
📸 Mat den 🇱🇺 Start-ups um Stand vun der #Vivatech
📸 RDV am Campus Cyber mat Thales, GICAT an Ryder & Davis
📸 Session de travail mat der #Sorbonne Université fir d’Relatiounen tëscht eisen Inkubatoren - wéi dem Technoport - weider ze stäerken 💡🔗
lexdelles.bsky.social
Och dëst Joer war de “Wine Taste Enjoy“ erëm eng gutt Geleeënheet fir 🇱🇺 Wäiner an d’Musel an d’Vitrinn ze stellen : tëscht 8000-9000 Residenten & auslännesch Visiteuren waren dëst Joer um Event dobäi – e schéinen Erfolleg mat Degustatioune🍾, Treffe mat de Wënzer a Spadséiergäng duerch d'Wéngerten 🌿.